Bodo Korsig | Tung-Wen Margue | Bernd Sauerborn

change
oder der vierte Mann … ein Experiment !

 

Rundfunkbeitrag anhören

deutsch

Virspan Fernand Weides: Dräi Kënschtler, dënnen hiir Nimm hei an der Groussregioun an ganz individuellen an ënnerschiddlechen Konstellatiounen ze fannen sinn, ginn een ongewinnten geinsamen Projet un: Am Experiment «Change» cre’eren den Bodo Korsig – hien lieft zou Tréier an zou New York -, den Tung-Wen Margue – de gebiertege Lëtzebuerger huet säin Atelier zou Beaugency an Frankreich - an de Bernd Sauerborn – hien schafft zou Tréier an zou Lëtzebuerg - zesummen eng Serie vun klengformatege Biller, déi am November an Dezember zou Tréier ze gesinn sinn. Op sengem Tour duerch d’Groussregioun huet de Paul Bertemes déi dräi Artistin begéint an huet se bei de Virbereedungen fir hiert Experiment ee klengt Stéck begleet. Hei dem Paul Bertemes seng Impressiounen.

Paul Bertemes: Bodo Korsig, Tung-Wen Margue an Bernd Sauerborn sinn Nimm vun dräi Artisten, déi an verschiddenen Kontexter hei an der Groussregioun eremzefannen sinn. Alles bei dënnen dräi ass verschidden: hiir kënschtleresch Approche, hire Werdegang, de Cader, an dem se als Artist liewen. Trotzdem sinn déi dräi de Moment am Gaang, een gemeinsame Projet ëmzesetzen, deen vill géigesäitegt Verständnis viraussetzt. Dobäi schéngt alles op éischten Bléck ganz normal. Dräi Artisten plangen eng gemeinsam Ausstellung. Dat ass nun wierklech nët spektakulär. Hei awer geet et ëm eng besonnesch gemeinsam Ausstellung. D’Preparatiounen dofir sinn laangwiereg an schonn weit gediehen, esou gudd ewéi fäerdeg. Déi dräi Kënschtler trieden nämlech an een direkten Dialog, en Dialog, deen eng besonnesch Dimensioun huet. Si sinn am Gaang eng Serie vun ronn 80 gemeinsame klengformatege Biller ze schafen. Dat dierf ee sich nët esou virstellen, wei wann zwee Pianisten zesummen ee Stéck vir véier Hänn op engem Piano interpretéieren. Konkret heescht dat hei, datt jiddereen doheem a sengem Atelier un esou engem Bild an verschiddenen Stadien schafft. Deen éischten fänkt un op dem Support aus Holz, Pabeier oder Zeechenkarton ze schaffen ganz esou, ewéi wann hien een eegent Bild ganz eleng fir sech géing molen. Wann hien seng Aarbecht, säi Beitrag als fäerdeg ugesäit, schéckt hien d’Bild mat der Post bei deen zweeten Artist, dee verschafft et mat sengem Input virun, a schéckt et dann bei deen drëtten, deen déi final Versioun erstellt.

Bei dësem Virgoen erginn sech äusserst interessant Konstellatiounen: Esou entstinn spannend Bezéiungen tëschent de Bild-Elementer, de Kompositiounsakzenter oder och de Materialien. Dat geléngt duerchweegs - och wann een heiansdo mengen kënnt, datt de leschten Artist an der Rei déi zwéin aner iwwerschafft, vir nët ze soen iwwermoolt huet. Mais dee Problem ass erkannt an et gouf virgesuergt. Schon doduerch, dass d’Reihenfolg vun den Interventiounen vun de Artisten jeeweils wiesselt. Eng Kéier ass de Tung-Wen Margue den éischten, dann de Bodo Korsig, dann de Bernd Sauerborn. De selwechten Szenario gëtt et dann vir déi zweet an déi drëtt Etapp vun den Interventiounen. Nodeems den drëtten Artist d’Bild fir fäerdeg ugesäit, gëtt nët méi dru geschafft. Déi dräi Artisten sinn sech der Herausfuederung bewosst. Ann, esou heescht et, et wier äusserst reizvoll an dësen Dialog anzetrieden. Virun allem, well ee jo als gläichberechtegt Partner agéiert. Trotzdem ginn et zwangsleefeg och emol kritesch Reaktiounen. Wann zum Beispill ee vun den dréi Partner sech wonnert, wat dann een oder déi zwéin aner, alles mat sengem Bild gemaach hunn, vir zou enger finaler Fassung ze kommen. Mais dat hält sech a Grenzen. Ewell et geet hei jo grad nët em den individuellen Ausdrock. Grad dee soll jo mat der Method hannerfrot ginn. An et ergëtt sech bei den meeschten klenge Biller eng spannend, oft spannungsvoll Symbios. Eng Symbios, déi vun dräi kreativen Komponenten lieft, déi trotz hirer Ënnerschiddlechkeet op e gemeinsame Nenner bruet ginn – an als neit, iwwergeurdnet Bild funktionéieren. Natierlech, dëst Experiment huet Geforen. Dat wëssen och déi dräi Acteuren. Zum Beispill, dass een ze groussen Zufallsprinzip matspillen kann.

Zum Beispill, datt et schwiereg ass, ëmmer eng kohärent Ausgangs-Approche ze hunn. Oder dass dat perséinlecht Hannerfroen an dem ursprénglechen Sënn vum Wuert duerch den eenzelnen Auteur kaum nach méiglech ass. Op der anerer Säit bidd de Projet interessant artistesch, an och intellektuell Ouverturen. Zum Beispill, wei sech aus dräi individuell Beiträg eng nei, eng esou ze soen iwwer-individuell Ausso kann erginn, déi ästhetesch an inhaltlech Denkustéiss gëtt. Och dass ee Bild nët onbedéngt een enzegen Persounenbezoug muss hunn, eng individuell Ënnerschrëft droen muss, an trotzdem ee staarken Message transportéieren kann. D’ Wierk steet dann als solches fir sech, d’ Auteuren trieden an den Hannergrond. Oder et entsteet ee Bild, wéi wann ee véierten Artist et creert hätt. E virtuellen Artist also, deen et a Wierklechkeet guer nët gëtt. Esou virtuellen Artist kéint ee flotten Numm hunn. Wann een beispillsweis déi zwéin éischt Buschtawen vun de Familljennimm Korsig, Sauerborn an Margue géing huelen: Samako, Kosama oder Masako an esou weider.

Wéi komplex dëst Virgoen awer ass, weist ee Bléck an déi eenzel individuell Geschicht an an d’Konschtapproche vun den dräi Artisten. Den Tung-Wen Margue ass zou Lëtzebuerg gebuer. Seng Mamm war Chinesin, säi Papp Lëtzebuerger, hien lieft haut zou Beaugency a Frankräich. Hien huet op der Ecole nationale Supérieure des Beaux Arts an op der Sorbonne zou Paräis studéiert. Seng Aarbecht evoluéiert op der Schnëttstell zwëschent westlecher an asiatescher Konscht. Hien schafft vill mat Collagen an spontanen, kalligraphieähnlechen Gesten ann ass och am plasteschen, am Skulpturbereich aktiv. Den Tung-Wen Margue evoluéiert an enger ganz perséinlecher, lyrescher Abstraktioun. Matt äusserst staarken an feinfühlegen Biller artikuléiert hien hien seng inner Geschtes- ann Gefillswelt. De Bodo Korsig ass zou Zwickau an Ost-Däitschland gebuer. Hien huet zou Berlin Skulptur studéiert, ass Professor op der Europäeschen Akademie für Bildende Kunst zou Tréier an hien schafft a lieft zou Tréier an zou New York. Dësen Artist schafft mat Bild- an Formelementer, déi vum Holzstich kommen, eng Technik, an der hien bis an riseg Dimensiounen erageet. Den Inhalt vunn sengen Wierker baséiert op etheschen ann philospoheschen Froen iwwer d’Verhaalen vumm Mensch an aussergeweinlechen Situatiounen an seng Formesprooch ass staark vun Biller aus der Neurobiologie an aus der medizinescher Recherche iwwert d’mënschlecht Hiir beaflosst. Gläichzäiteg realiséiert hien staark an innovativ Aarbechten am Beräich vun de Livres d’artistes. An de Wierker vum Bodo Korsig kënnt och dem Wuert, dem oft irrite’erenden Slogan, eng hannerfroend an wesentlech Bedeitung zou. Den drëtten Artist, de Bernd Sauerborn ass zou Köllerbach am Saarland gebuer, hien ass vun Beruff Goldschmatt. Als Könschlter, als Moler an Objektgestalter hellt hie Bezuch zou eiser Zäit, schafft intensiv mat éischter ongewéinlechen Materialien ewéi zum Beispill Wuess, déi hien mat enger äusserst sensibeler, prägnater grafescher Zeechesprooch kombinéiert, déi an engem ganz contemporaien Kontext un archaisch Message iwwer de Mënsch an seng Condition humaine erënnert.

D’Resultat vun dësem spannenden Experiment, wat de Numm „Change“ dréit, kann een vum 20. November bis den 20. Dezember zou Tréier an der Galerie Junge Kunst vum Kunstverein Trier Junge Kunst e.V. gesinn. Dës fir hiir experimentell Approche bekannten Institutioun ass an der Karl-Marx-Straße um Nummer 90 – an Tréier ass jo och an grad am November nët weit vun Lëtzebuerg ewech.

 

Quelle: "Rendezvous an der Galerie" vom 2. November 2009, radio 100,7 Luxembourg
Beitrag: Paul Bertemes

Rundfunkbeitrag anhören

Link: Bodo Korsig | Tung-Wen Margue | Bernd Sauerborn, change, 21. 11. bis 20. 12. 2009

 


Letzte Aktualisierung: 04.11.2009 11:06:38 © 2010 Kunstverein Trier Junge Kunst e.V.